Mental Sports Academy logo Mental Sports Academy logo

Wat ass Mental Sports Academy?

D’ultimativ Erausfuerderung fir den Next Generation Athlet

Op exklusive Platzen weltwäit bitt de fréiere Vëlosfuerer, Team Leader a professionelle mentalen Trainer Joost Koop e mentalen Trainingsprogramm fir eng international Grupp vun (Top) Sportler, Traineren an Coachen. Voller Inspiratioun a Motivatioun an ouni endlos PowerPoint Blieder!

Mental Sports Academy

D’Mental Sports Academy ass en Institut wou mental Sport Coaching am Mettelpunkt steht. Fir all déi, déi dat bescht aus hirer Sportscarriere wëlle maan.

  • Fir déi, déi aus der Mass erfirstiechen wëllen, iwwert hiren Géigner, Konkurrenten an iwwer hir Teammemberen stoen wellen.
  • Fir den Athlet an den Trainer déi Initiativen huelen a méi Courage weisen.
  • An no méi Erausfuerderung a Varietéit sichen.
  • A sou um Ball bleiwen wëllen.

Awer och fir Athleten déi eng Rehabilitationspaus no engem Turnéier oder enger intensiver Trainingsperiod wielen, vläicht souguer e Sabbatical. Och während enger längerer Restperiod kënnt Dir Schrëtt mam mentalen Sportscoaching maachen. Wéi geet dat? Andeems Dir Ziler defineirt a ären Denkweis analyseirt. Wéi ee Wee ass ären wann Dir op där Kräizung sidd?

Zesummen mat anere Sportler wäert Dir gesinn wéi et weider geet. Zousätzlech ass et ëmmer méiglech op eise Trainingslocatiounen un ärem Zoustand ze schaffen. Leid Dir ënner enger Verletzung? Och do bleift Dir serveirt well MSA hëlleft Iech mat engem nëtzlechen, mentalen Training.

Aus Bicher léiert Dir aner Saachen wéi wat mir Iech gesinn, héieren an fillen lossen. Online Training: Mir maachen dat net…

Direkten Kontakt bréngt wierklech eppes mat sech. En Effekt deen Iech beréiert. Verbal an non-verbal Kommunikatioun bréngt Wuesstem a Verännerung; den Trainer an de Sportler, plus déi eenzegaarteg Dynamik vun enger Trainingsgrupp.

Léieren op engem mentalen Niveau huet dee gréissten Effekt op ären System an engem neien, inspiréierenden an internationale Ëmfeld.

Zesummen mat aneren Athleten an Traineren aus anere Sportaarten aus der ganzer Welt, feelt Iech als Topspiller näischt. Awer wierklech guer näischt: Dir an är Entwécklung sidd Prioritéit Nr. 1 fir 12 Deeg laang .

All Sënner ginn stimuléiert an d’Ausbildung wäert e groussen Androck maan.

Am mysteschen Abu Dhabi (Februar + November), am Häerz vun de frësche Süd Däitschen Alpen (Abrëll + September), an am -The Golden State – Kalifornien, (Juli-August).

Wou d’Klima an där Zäit am gemittlechsten ass (ongeféier 25 – 26 ℃) an d’Energie um richtege Niveau ass. Do wäerte mir Iech eventuell zu engem ” ‘Next Generation Athlete’ ‘oder engem’ ” Next Generation Coach ‚‘ maan, woumat dir den groussen Ënnerscheed wäert maachen mat dëser eemoleger Liewenserfarung.

JO: Ech si prett an eng Next Generation ze wuessen:

BOOK MY TRAINING

We have 15 courses planned for you!

our courses
event map div
X